Vernissage Expo Gravity Déifferdeng
De Photo-Club Déifferdeng war mat Freed beim Vernissage vum neie Gravity Coworking Space zu Déifferdeng dobäi. Nieft dem Entdecken vun de moderne Raimlechkeeten haten d’Visiteuren och d’Geleeënheet, eng Auswiel vu Fotoe vun eise Memberen ze bewonneren. Mir soen dem Gravity-Team Merci fir den häerzlechen Accueil an déi flott Zesummenaarbecht.