Ausstellungen

Wou eis Biller gewise goufen.

H2O Déifferdeng

23.10.2026 bis 01.11.2026

De Photo-Club Déifferdeng invitéiert Iech häerzlech op d’Expo H₂O. Entdeckt 87 Fotoe vun 13 Clubmemberen an eng Auswiel vu ronn 60 Concoursfotoen. Si goufen aus 168 agereecht Fotoe vun enger internationaler Jury ausgewielt.

Cactus Bascharage

17.08.2026 bis 22.08.2026

De Photo-Club Déifferdeng invitéiert Iech op seng Fotoausstellung am Cactus Shopping Center zu Bascharage. Entdeckt eng flott Auswiel u Fotoe vun eise Clubmemberen a loosst Iech vun hire verschiddene Bléckwénkelen inspiréieren. Mir freeën eis op Äre Besuch!

Eglise Sainte-Barbe Lasauvage

01.05.2026 bis 03.05.2026

Eng flott Fotoausstellung an der Eglise Sainte-Barbe zu Lasauvage, wou mer eng Auswiel vu Biller a verschiddene Stiler presentéiert. De Vernissage gëtt den 2. Mee 2026 um 17:00 Auer vun engem akustesche Concert vum South Unplugged Trio begleet.

Rewa Résidence op der Wassertrap Bieles

20.04.2026 bis 23.08.2026

De Photo-Club Déifferdeng invitéiert op seng Expo an der REWA „Résidence Op der Waassertrap“ zu Bieles. Vum 20. Abrëll bis den 23. August 2026 ass eng Auswiel vu Fotoaarbechte vun eise Memberen do ze gesinn. De Vernissage ass de 7. Mee 2026 um 17:30 Auer.

Rewa Résidence op der Wassertrap Bieles

26.02.2026 bis 01.04.2026

Eng Fotosausstellung am REWA „Résidence Op der Waassertrap“ zu Belval. D’Ausstellung weist zwou Serien: „Les couleurs de la sidérurgie“, déi d’Kraaft an d’Faarwe vun der Stolindustrie afänkt, an „Beautés éphémères“, eng poetesch Serie iwwer vergänglech Schéinheet.